Features


Dëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.


Dimmi um HandyGruppe-Bäiträg un d'Elteren/Tuteuren

  • Direkt: Noriicht direkt als Push-Notifikatioun op de Smartphone oder Tablet.
  • Iwwersiichtlech: Just d'Gruppe-Responsabel kënne Gruppen-Noriichte verschécken, kee Chaos duerch Vermëschung mat Elteren-Äntwerten oder Diskussiounen.
  • Links: Web-Adressen (URLs) am Text ginn automatesch erkannt a verlinkt (z.B. Links op Ministères-Informatiounen, op Projete vum SEA-Website, op Übungs-Websäiten…)
  • Lies-Bestätegungen: Gesitt, vu wéi enge SchülerInnen bzw. vu wéi enge Kanner d'Elteren/Tuteuren de Message gesinn hunn.
  • Attachments: Foto, PDF oder Microsoft Office Dokument direkt un d'Noriicht hänken

Eenzel-Gespréicher

  • Perséinlech: D'SEA-Personal kann d'Eltere vun engem spezifesche Kand eenzel uschreiwen (enthält automatesch all d'Elteren/Tuteure vum Kand an déi aner Responsabel vum selwechte Grupp)
  • Réckfroen: D'Eltere kënnen och d'SEA-Personal uschreiwen. (Optional Funktioun, déi vun de Grupperesponsabelen un- oder ausgeschalt ka ginn.)
  • Master Gepréicher: D'SEA-Personal aus engem Grupp kënnen ënnert sech schreiwen
  • Méi Empfänger: Et kann een ee Message gläichzäiteg an verschidden Message-Sträng schécken
  • Lies-Bestätegungen: Gesitt op d'Elteren/Tuteuren respektiv d'SEA-Personal de Message gesinn hunn.

Dimmi am BrowserAls App & via Web

  • App: D'Elteren an d'SEA-Personal kënnen Dimmi gratis am AppStore a bei Google Play eroflueden.
  • Web: Dimmi kann och vum Browser aus iwwer web.dimmi.lu opgeruff ginn (z.B. fir méi liicht ee gréisseren Text ze tippen, oder fir Leit déi keen aktuelle Smartphone hunn)

Vu Lëtzebuerg fir Lëtzebuerg

  • Hosting: Entwéckelt a gehost zu Lëtzebuerg. Mat gréngen Stroum bedriwwen
  • Support: Telefonesche Support op enger lëtzebuergescher Telefonsnummer disponibel. Fir d'SEA-Personal, awer och direkt fir d'Elteren.
  • Training: Aféierungs-Versammlungen sinn direkt an der an der SEA méiglech, awer och als Webinar oder als individuell Online-Sessioun.

Keng Sammlung vun Donnéeën

  • Privacy: Keng Reklammen. Keng Vermaartung vun Ären Daten!
  • Simplicitéit: Gekoppelt un d'Benotzerkonte vun enger OLEFA-Websäit vun Ärer Organisatioun
  • Minimal Donnéeën: Net un Telefonsnummere gekoppelt. E-Mails Adressen droen d'Eltere selwer an (fir vergiesse Passwierder etc.), an déi ginn och kengem anere gewisen.