Features


https://www.dimmi.lu/resources/images/_site/phone-img-315x640.pngGruppen-Noriichten un d'Elteren/Tuteuren

  • Direkt: Noriicht direkt als Push-Notifikatioun op de Smartphone oder Tablet.
  • Iwwersiichtlech: Just d'Titulaire kënne Gruppen-Noriichte verschécken, kee Chaos duerch Vermëschung mat Elteren-Äntwerten oder Diskussiounen.
  • Links: Web-Adressen (URLs) am Text ginn automatesch erkannt a verlinkt (z.B. Links op Ministères-Informatiounen, op Projete vum Schoulwebsite, op Übungs-Websäiten…)
  • Lies-Bestätegungen: Gesitt, vu wéi enge SchülerInnen d'Elteren/Tuteuren de Message gesinn hunn.
  • Attachments: Foto, PDF oder Microsoft Office Dokument direkt un d'Noriicht hänken

Eenzel-Gespréicher

  • Perséinlech: D'Enseignante kënnen d'Eltere vun engem spezifesche Schüler eenzel uschreiwen (enthält automatesch all d'Elteren/Tuteure vum Schüler an d'Co-Titulairen)
  • Réckfroen: D'Eltere kënnen och d'Enseignanten uschreiwen. (Optional Funktioun, déi vun den Titulairen un- oder ausgeschalt ka ginn.)

Als App & via Web

  • App: D'Elteren an d'Enseignante kënnen Dimmi gratis am AppStore an a bei Google Play eroflueden.
  • Web: Dimmi kann och vum Browser aus iwwer web.dimmi.lu opgeruff ginn (z.B. fir méi liicht ee gréisseren Text ze tippen, oder fir Leit déi keen aktuelle Smartphone hunn)

Vu Lëtzebuerg fir Lëtzebuerg

  • Hosting: Entwéckelt a gehost zu Lëtzebuerg.
  • Support: Telefonesche Support op enger lëtzebuergescher Telefonsnummer disponibel. Fir d'Enseignanten, awer och direkt fir d'Elteren.
  • Training: Aféierungs-Versammlungen direkt an der Schoul méiglech, awer och als Webinar oder als individuell Online-Sessioun.

Keng Sammlung vun Donnéeën

  • Privacy: Keng Reklammen. Keng Vermaartung vun Ären Daten!
  • Simplicitéit: Gekoppelt un d'Benotzerkonte vun Ärer Schoulwebsäit.
  • Minimal Donnéeën: Net un Telefonsnummere gekoppelt. E-Mails Adressen droen d'Eltere selwer an (fir vergiesse Passwierder etc.), an déi ginn och kengem anere gewisen.